Als Kand hunn ech mech ëmmer gefrot, firwat d’Coiffersalonen esou däischter an iwwerlueden waren. Dunn sinn ech selwer Coiffer ginn an elo krut ech d’Chance mäin Dram ze verwierklechen: Men's Finest.
De Choix vum Numm ass keen Zoufall. A la Base sinn ech natierlech Härecoiffer, mee et ass mir immens wichteg dat d’Clienten sech bei mir absolut wuelfillen, well Kapp a Séil sinn enk matenaner verbonnen.